
Wéi d’Police matgedeelt huet, ass en 58 Joer ale Mann am Keller vun engem Eefamilljenhaus ëm d’Liewe komm, zwee aner Familljemembere goufe blesséiert a koumen an e Spidol.
Si hate gegrillt, am Keller. Dobäi goufen allerdéngs gëfteg Verbrennungsgase fräigesat.
Der Police no goufen de Mann an déi zwou Fraen an der Nuecht op e Mëttwoch am Keller entdeckt. Fir de Mann koum do schonn all Hëllef ze spéit.