De Buedem huet nämlech déi ideal Närstoffer, fir dass d’Tulpe gutt a schéi kënne wuessen.
Vun der zweeter Woch Oktober bis den Dag viru Chrëschtdag gi vun enger Ekipp vu 40 Gäertner eng ronn 7 Milliounen Tulpeknollen an de Buedem gesat. De Keukenhof ass ee vun de gréisste Blummegäert vun der Welt. En ass an der Gemeng Lisse, ongeféier 30 Kilometer vun Amsterdam ewech. Den Numm “Keukenhof” heescht wuertwiertlech “Kichen-Haff” a geet op d'15. Joerhonnert zeréck, notamment op d’Schlass Teylingen. De Gaart vum Schlass gouf do nach ‘Keukentuin’, also Kiche-Gaart genannt.
D’Härenhaus, dat méi spéit do gebaut gouf, gouf “Keukenhof” genannt. An deen Numm ass bliwwen. De Keukenhof ass wärend 8 Méint op fir de Public. D’lescht Joer huet een do 1.4 Millioune Visiteure gezielt, dat sinn ongeféier 25.000 pro Dag.