Plakeg Passagéierin randaléiert a bäisst Polizist

© AFP (Archiv)
Eng plakeg Passagéierin huet de Start vun engem Fluch vu München op Sofia fir e puer Stonne verzögert.
Wéi déi däitsch Bundespolizei matgedeelt huet, huet sech eng 27 Joer al Fra virum Start e Freideg den Owend u Bord vun enger Lufthansa-Maschinn komplett ausgedoen an haart gejaut. E puer Polizisten, déi zur Hëllef geruff gi waren, konnten deemno d'Fra net berouegen an och net dozou beweegen, fir sech nees unzedoen.
Ee vun de Polizisten hätt du probéiert, fir eng Decken ëm déi plakeg Fra aus Bulgarien ze leeën. "Bei dësem Versuch huet d'Fra de Kolleeg ouni Virwarnung an de lénken Aarm gebass", sou d'Police. Dem Beamten ass et gegléckt, fir sech de befreien an duerch Uwendung vun Zwang ze schützen.
Mat der Hëllef vun e puer Beamten ass d'Fra aus dem Fliger bruecht ginn. D'Passagéierin koum an d'Klinick. Géint si gouf eng Plainte wéinst Widderstand géint Beamten a Kierperverletzung gemaach.
De Polizist, dee gebass gouf, huet misse medezinesch behandelt ginn a konnt net weider am Déngscht bleiwen. De Fluch op Sofia ass eréischt mat enger Verspéidung vun iwwer dräi Stonne gestart.