Handye verursaache wuel kee Kriibs

© AFP
De Fuerscher no géing et kee Beweis dofir, datt duerch d'Notze vum Handy Tumoren entstinn. Ganz auszeschléisse wier et awer net.
Ënnert der Leedung vun der australescher Agence fir Straleschutz hu Fuerscher 63 wëssenschaftlech Aarbechten analyséiert, fir erauszefannen, ob d'Notzung vum Handy Kriibs verursaacht. D'Resultat vun der Metastudie ass, datt den Handy warscheinlech net fir Gehiertumore responsabel ass.
Obwuel de Gebrauch vum Handy zanter 20 Joer massiv an d'Luucht gaange wier, wier an deem selwechten Zäitraum d'Zuel vu Gehiertumoren net an deem selwechte Mooss an d'Luucht gaangen. Fir d'Etüd goufe just Aarbechten analyséiert, déi am Virfeld erstallte Krittären entsprach hunn. Tëscht 1994 an 2022 goufen nämlech iwwert 5.000 Aarbechten zum Thema geschriwwen. An der Studie heescht et awer och, datt net komplett auszeschléisse wier, datt esou eng Relatioun besteet. Datt deem net sou wier, kéint ee just mat "moderate certainty" soen.