![]()
Weder op der ënneschter nach op der ieweschter Strooss erkennt een dës Vue vum Contournement vu Jonglënster esou gutt, wéi op dësem Bild. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Ech kenne mäin Handicap am Golf elo net, mä ech si mer bal sécher, datt ech méi dacks de Bam wéi d'Lach géif treffen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Zu Wuermer ass ee séier aus de Wäibierger nees doheem, wann een dann d'Chance huet, do ze wunnen... / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dës Foto vum Mudam wier fir eise Quiz bestëmmt ze einfach gewiescht. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Kayak-Fuerer a Co wäerten hei zu Dikrech hire Spaass hunn. / ©
Domingos Oliveira
![]()
A wiem dat ze ustrengend ass, ka jo dono an de Scala goen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Naturverwaltung produzéiert grénge Stroum. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi Impressioun vun der Sauer ass ëmmer nees... Wow. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Op dëser Spillplaz zu Angelduerf wäerte sech d'Kanner wuel gutt ameséieren. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi Plaz kënne vill Leit, déi um Kierchbierg schaffen oder wunnen wuel nach als "Laangzäit-Chantier". / ©
Domingos Oliveira
![]()
Aus der Stad op Esch... d'Passerelle um Gaalgebierg. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wéi vill Leit wuel am Summer profitéiert hunn, fir sech an d'Thermen ofkillen ze goen? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Op engem Wochendag ass hei awer bestëmmt méi lass. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Sot mir net, datt dëst Bild Iech net duerchernee mécht. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi al Frichen zu Diddeleng hunn hire ganz eegene Charme. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An och de "Quariter Italien" an der Südgemeng huet eng laang Geschicht. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Tunnelle si vun uewen definitiv méi spektakulär, wéi vun ënnen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dat aalt Gebai vum Verband zu Ettelbréck ass schonn an der Skyline opgefall... / ©
Domingos Oliveira
![]()
... d'Schlass Ierpeldeng ass an deem Bild manner opfälleg. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Eng Opnam fir Foussgänger, Cyclisten, Zuch- an Autofuerer... Hei zu Miersch. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Bleiwe mer am Zentrum vum Land: Den CNL huet eng richteg flott Anlag. / ©
Domingos Oliveira
![]()
An och d'Blannevereenegung huet vill ze bidden. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vum Auto direkt an d'Boot. Zu Schwéidsbeng ass dat méiglech. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wéi séier ee wuel hei doduerch fuere kann? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Hutt Dir de Konviktsgaart scho vun uewe gesinn? / ©
Domingos Oliveira
![]()
All Gaart huet säin eegene Charme... Hei eng Kolonie dovunner an der Stad. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Ass Iech déi komesch Form vun der Mëtt vum Rond-point scho mol eng Kéier opgefall? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vläicht kann ee se vun uewe vum neie Park-and-Ride-Gebai niewendru gesinn? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Och dat hei Gebai um Kierchbierg ass nach net esou al... Den Tramsschapp / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vum Schapp aus féiert dës Bréck iwwert d'A1 a Richtung Findel. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg gesäit nom Ausbau vum Tram vill méi modern aus. / ©
Domingos Oliveira
![]()
A wiem um Kierchbierg net genuch lass ass, kann a Clausen feiere goen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Och an engem klenge Labyrinth kann ee sech emol verlafen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Deen zu Jonglënster hate mer schonn. Hei dann de Golf Kikuoka. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Wisou hu Schlässer bal ëmmer esou flott Gäert mat dobäi? Dat hei fannt der zu Mënsbech. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Feieren an enger aler Seeërei... / ©
Domingos Oliveira
![]()
Oder net wäit ewech iwwert d'Esplanade zu Dikrech spadséieren. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi al Dikrecher Schwämm läit och net wäit vun der Sauer ewech... Ein Schelm, wer böses denkt. Hei kritt een do awer elo éischter z'iessen, wéi datt een do schwamme kéint. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Déi al Schinnen op den Terres Rouges si bal net mat deene moderne vun haut ze vergläichen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Haut eng Touristenattraktioun, fréier zur Defense vum Schlass zu Veianen geduecht. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Erhuelen am Hesper Park. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Vill Natur a vill verschidden Ebenen. / ©
Domingos Oliveira
![]()
D'Natur hëlt sech d'Schlass vu Buerglënster zeréck. / ©
Domingos Oliveira
![]()
Dëse Gaart zu Iechternach ass e bëssen opgebaut wéi d'Stroossen zu New York. Oder ëmgedréint? / ©
Domingos Oliveira
![]()
Och am Gaart vun der Coque kann ee sech emol verlafen. / ©
Domingos Oliveira