Police vun Dortmund sicht per Foto no "Krümelmonster"

© Police Dortmund / RTL
Verkleet hannert dem Steier, an dann och nach ze séier ënnerwee? Dat ass viru Kuerzem op enger däitscher Autobunn geschitt.
Schold ass d'Krümelmonster, respektiv eng Persoun, déi sech esou verkleet hat a mat héijer Vitess iwwer d'Autobunn A45 bei Dortmund gefuer ass. E mobille Blëtzer hat den ongewéinlechen Audi-Chauffer geblëtzt.
Dat huet d'Police an Däitschland guer net witzeg fonnt, et geet hinne souguer richteg op de "Keks".
D'Persoun am Kostüm war schonn den 20. September op der A45 a Richtung Hagen geblëtzt ginn, wéi si do mat 11 Stonnekilometer ze vill ënnerwee war. D'Beamte stelle sech d'Fro, ob bewosst séier gefuer gouf mat der Mask un, fir sech dat als Trophee doheem opzehänken.
Esou eng als Witz gemengten Aktioun ass geféierlech.
Esou Kostümer schränken d'Siichtfeld staark an. De Risiko vun engem Accident ass domat also däitlech méi héich, wat eng Gefor och fir anerer bedeit. D'Police deit och ausdrécklech drop hin, dass "am schlëmmste Fall een dobäi stierwe kann". "Aus Spaass mat enger Mask aus der Muppetshow gëtt da séier Eescht", heescht et weider am Bericht.
Wat dann elo d'Strof ugeet, gouf de Besëtzer vum Audi ermëttelt. E gehéiert engem 57 Joer ale Mann aus Hagen. Hie kritt elo Post vun der Police, net just mat senger Foto, ma och mat engem Protokoll an Héicht vu 40 Euro.