Éischte Wanderwee fir Mënsche mat Handicap ageweit
En Tourismus ouni Barrièren, dat ass eent vun de Konzepter, dat d'Tourismus-Verbänn, de Ministère an d'Gemenge wëllen ausbauen.
Et si Fräizäitaktivitéiten, déi sech u Leit mat spezifesche Besoine riichten. Dat gëllt fir Mënsche mat Behënnerung, grad esou wéi fir Famillje mat Kanner. Dës Offer gëtt kombinéiert mat där vum Aktiv-Tourismus am Respekt vun der Nohaltegkeet. E Méindeg gouf den drëtte Confort-Wanderwee am Land presentéiert. No Réimech a Biissen gëtt et elo nach een zu Iechternach beim Séi.
Eppes iwwer dräi Kilometer ass e laang, de Confort-Trëppelwee ronderëm de Séi zu Iechternach.
Dee gëtt et am Fong scho vun Ufank un - dat heescht dass elo eppes méi muss gebuede ginn, wéi de macadamiséierte Wee, deen ee scho méi laang kennt. Bäi koumen elo - ebe fir de Confort - Méiglechkeete fir ze raschten a sech ze ameséieren.
Speziell Klunsche fir Kanner am Rollstull, e Wee mat 65 Sëtzgeleeënheeten an ouni Pente. Et kann ee sech och eng Zuchmaschinn ausléine fir de Rollstull.
De Ministère sponsert dat ganzt finanziell, gëtt Subsiden, an ass op fir weider Investissementer, am Fall datt sech nieft Iechternach, Réimech a Biissen nach aner Gemengen sech intresséieren.
Beschëlderung a Weeër si vum Ministère, de Rescht wier Ekippenaarbecht, och mat Info Handicap. Nieft der Offer duerch Bëscher bräicht een och dës Alternativ, nom Motto Tourismus an Natur erliewen, fir jiddereen.
De Communiqué vum Wirtschaftsministère an der Direction générale du tourisme fannt Dir hei.