Sprengstoffspierhond hat ugeschloenAutobunn an der Schwäiz stonnelaang gespaart - et war falschen Alarm

AFP
Well e Sprengstoffspierhond ugeschloen hat, ass d'Autobunn A861 an der Schwäiz e Mëttwoch de Mëtteg bis owes komplett gespaart ginn.
Weil Sprengstoffspürhunde Alarm geschlagen hatten, ist die von Baden-Württemberg in die Schweiz führende Autobahn A861 am Mittwoch nach einem Polizei-Einsatz mehrere Stunden lang vollständig gesperrt gewesen. Gegen 20.00 gab die Polizei Entwarnung.
Géint 20 Auer koum d'Entwarnung.
© AFP/Archiv

E Mëttwoch de Mëtteg gouf et bei der Kontroll vun engem Gefier beim Grenziwwergang Rheinfelden "e Verdacht op eng Gefor", sou d'Police Freiburg. Zwee Männer goufen och virleefeg festgeholl. Geféierlech Stoffer goufen allerdéngs keng fonnt. Owes géint 20 Auer koum d'Entwarnung.

An zwou Richtunge war d'Autobunn wéinst dem Policeasaz gespaart ginn an et huet net laang gedauert, bis sech op béide Säite vun der Grenz kilometerlaang Staue gebilt hunn.

D'Gefier, bei deem de Policehond direkt zwee Mol nervös gi war, koum aus Däitschland. Am Won souzen zwee däitsch Staatsbierger, déi sécher ganz domm dragekuckt hunn, wéi op eemol och d'Police nervös ginn ass a si festgeholl huet. De Geforeberäich gouf groussraimeg geséchert a Spezialunitéite vun der Bundespolice op d'Plaz geruff, heescht et weider.

Wéi den SWR nach mellt, soll et sech bei béide Männer ëm e Papp a säi Fils handelen, déi bei der Police keng Onbekannt wieren. Géint si hätt wuel e Mandat d'arrêt bestanen.

Géint 20 Auer huet d'Police matgedeelt, dass näischt Geféierleches entdeckt gouf an d'Autobunn war nees befuerbar.

Back to Top
CIM LOGO