Vum "Gehier vun der Festung" zu engem Hotel "Haut de Gamme"
E Militärgebai gouf 1869 zu engem Postgebai. Iwwert annerhalleft Joerhonnert méi spéit wäert dann op der selwechter Plaz en Hotel entstoen.
1869 iwwerhëlt d'Lëtzebuerger Post d'Gebai vum fréiere Génie Militaire, deemolege "Gehier" vun der Stater Festung. Vun do u war d'Gebai, deem seng markant Fassade vum Sostène Weis entworf ginn ass, den Zentrum vun der Kommunikatioun, bis säin Interieur a virun allem déi technesch Méiglechkeeten um Hamilius net méi duergaange sinn. Wéi d'Post hire Sëtz verluecht huet, ass iwwer d'Zukunft vum sougenannten Hotel des Postes nogeduecht ginn. Dass de Besëtzer sech fir d'Optioun vun engem Hotel decidéiert huet, soll net just Hotelsgäscht zegutt kommen.
An esou zwee bis dräi Joer brauch een net méi ze schnadderen, wann een an der Receptioun vum Hotel des Postes op ee muss waarden. Haut ass deen ale Rez-de-chaussée ausgeschluecht. Dass een hei emol an engem Guichet an der Schlaang stoung, schéngt eng Éiwegkeet hier. Aus dem Sëtz vun der Post, engem Gebai mat ganz vill Technik a Büroen dran, en Hotel ze maachen, bedeit e komplizéierte Chantier. Jo, et hätt ee sech et och kënne vill méi einfach maachen.
Et goufen d'Iddie vun engem Musée bis hin zu administrative Gebaier. Warscheinlech hätt een dat och kënnen, wann een op de Metercarré gekuckt hätt, finanziell besser exploitéieren an deem Sënn, wann een hei Bürosurface gemaach huet. Et gi gestëmmt Leit, déi eng Fortune hei bezuelt hätten, fir hei e Büro ze hunn. Mir hunn awer gemengt, datt dat net onbedéngt am Sënn vun der Post ass, well am Fong geholl war dat Gebai hei jo virdrun och eigentlech och net accessibel. Mä et waren ëmmer, wéi gesot, d'Büroen an d'Technik hei. Dat heescht, d'Leit hunn dat wuel matten an der Stad kannt, dat Gebai, awer net vu bannen. An elo opzemaache fir de Public, schéngt eis déi richteg Léisung ze sinn, seet de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post.
D'Mutatioun wäert nämlech net just den Gäscht vum Hotel zegutt kommen, mä jidderengem. Déi nei "Stater place to be" heescht: Restaurant am Bannenhaff, e Patt uewen op der Daachterrass, den Hotel des Postes ass op fir jiddwereen.
Deux restaurants au sou -sol, un spa, wellness, piscine, salle de gym: Le tout bien sûr accessible aux gens de l'hôtel, enfin aux clients de l'hôtel. Mais, j 'allais dire et surtout, je ne sais pas, mais en même temps aux habitants de Luxembourg et à tous les passants qui souhaitent venir, même s 'ils ne sont pas clients de l 'hôtel au sens d 'avoir réservé une chambre, par exemple, erkläert d'Maria-Elysa Galichon, Responsabel vum Chantier Hôtel des postes.
Mä bis dohinner dauert et nach e Strapp. Trotz de villen Iwwerraschunge beim Schaffe bleiwe si um Ball. De Rez-de-chaussée ass haut déi Plaz, wou hire Stock läit. Mä den Expert schwäermt awer vum Haff vum Gebai. Mä wat war hei eigentlech?
D'Gehier vun der Festung, déi d'Festung permanent ausgebaut huet, de Genie militaire, erkläert de John Voncken, Architekt vun INPA. Haut hu mir nach de Genie civil, dat war de Genie militaire. Déi souzen hei an d'Post huet déi Gebaier iwwerholl, 1869 schonn. Et muss een och ernimmen, dass am Ufank hei net exklusiv d'Post dra war. Hei war zum Beispill verschidde Ministèren dran. Dat Gebai war ze grouss fir d'Post. A mat der Zäit ass et ze kleng gi fir si, si hunn et zougebaut an do si se ganz raus. Den "Hotel des Post" gëtt elo den "Hotel des Post". Dat ass wierklech eng flott Metamorphose.
E Musterzëmmer gëtt natierlech och schonn, mee déi Dier bleift den Ament nach zou. Eppes verrode se eis dann awer nach. Am Hotel des Postes wäerten d'Touche bleiwen, déi drun erënneren, wat dat hei emol war. Gedold also bis fréistens Mëtt 2026.