Déi zwee US-Astronauten, déi wéinst engem Problem un hirer Raumkapsel net méi vun der ISS heem kommen, kéinten awer éischter wéi erwaart zréck op d'Äerd.

Dem US-President Donald Trump no soll de SpaceX-Milliardär Elon Musk "geschwënn" eng Missioun starten, fir déi zwee Astronauten zréck ze bréngen. "Den Elon wäert geschwënn um Wee sinn. Hoffentlech wäert jidderee sécher sinn. Vill Gléck, Elon!", schreift den Trump en Dënschdeg op senger Onlineplattform Truth Social. Wéini genee d'Missioun soll starten, huet den US-President net geschriwwen.

D'Suni Williams an hire Kolleeg Butch Wilmore haten de 6. Juni mat enger Starliner-Raumkapsel vu Boeing d'ISS erreecht a sollte mat där selwechter Kapsel eigentlech schonn 8 Deeg méi spéit nees op d'Äerd fléien. Beim Undocken un d'ISS gouf et allerdéngs Problemer mat de "Schubdüsen", déi fir d'prezis Manövréiere gebrauch ginn. Donieft gouf et virum Start a wärend dem Fluch eng Helium-Fuite. Et war deen éischte bemannte Fluch vun der Raumkapsel, déi ëmmer nees wéinst technesche Problemer net konnt a Betrib geholl ginn.

Doropshin hat d'US-Raumfaartagence NASA decidéiert, d'Raumkapsel ouni Crew op d'Äerd zréckfléien ze loossen. Déi zwee Astronaute sollte mat enger Dragon-Raumkapsel vu SpaceX zréck op d'Äerd bruecht ginn, wéi d'NASA am August annoncéiert hat. Allerdéngs sollte si eréischt am Februar 2025 zesumme mat zwee Astronaute vun der Crew 9 zréckkommen, déi Enn September ukomm waren. Schliisslech gouf de Retour awer op Enn Mäerz verréckelt, well SpaceX eng nei Rakéit preparéiert.

Am Géigesaz zu Boeing goufe schonn zanter 2020 ëmmer nees Astronaute mat SpaceX-Raumkapselen op d'ISS a rëm zréckbruecht.