De Retour vun zwee US-Astronaute vun der Internationaler Raumstatioun gouf schonn erëm vun der Nasa verréckelt.

D'Astronautin Suni Williams an hire Kolleeg Butch Wilmore, déi schonn zanter Juni op der ISS sinn, sollen elo bis Enn Mäerz am All bleiwen, heescht et vun der US-Raumfaartagence en Dënschdeg. Domat musse si elo méi wéi néng Méint am All bleiwen, amplaz vun den eigentlech geplangten aacht Deeg.

Déi zwee Astronaute waren de 6. Juni mat enger Starliner-Raumkapsel vu Boeing op der ISS ukomm a sollten eigentlech schonn no aacht Deeg mat der selwechter Kapsel zeréck op d'Äerd. Beim Undocken un déi International Raumstatioun waren allerdéngs Problemer un de sougenannte "Schubdüsen" vun der Kapsel opgetrueden, déi gebraucht ginn, fir prezis manövréieren ze kënnen. Donieft gouf virum Start a wärend dem Fluch eng Helium-Fuite fonnt.

Doropshin huet d'Nasa decidéiert, de Starliner ouni Crew op d'Äerd zeréckfléien ze loossen. Déi zwee Astronaute sollte doropshin eigentlech mat enger Dragon-Raumkapsel vu SpaceX zeréck op d'Äerd bruecht ginn. Dat allerdéngs eréischt am Februar 2025 zesumme mat zwee Astronaute vun der sougenannter Crew 9, déi Enn September op der ISS ukoumen.

D'Besatzung, déi d'Crew 9 an d'Williams an de Wilmore ofléise soll, wäert allerdéngs net viru Mäerz d'nächst Joer starten.