"Alles huet mat enger Kleedermark ugefaangen"
U sech huet alles mat enger Kleedermark ugefaangen a mat der ASBL "Straight Up Bike life".
Déi Diddelenger Jongen haten awer wéinst hirer Fuerkonscht um Motorrad e schlechten Image. Si sinn aneschters mat de Motorrieder gefuer, ewéi een dat gewinnt ass op der Strooss. Aus deem Grond wollte se hire schlechten Image lass ginn an hunn e Club gegrënnt, de Moto Stunt Club Lëtzebuerg. Et huet och net laang gedauert, bis se 30 Memberen haten. Den Image vun den Diddelenger Jongen, déi um hënneschte Pneu mam Moto fueren, si se domadder lass ginn. Hir Iddi war et, fir hir Kleedermark mam Stunt Club zesummen ze kommerzialiséieren.
E Stunt Club ass awer net just fir d'Männer. Och Frae fille sech hei ugesprach. Esou sinn d'Sarah an d'Lynn dem Club bäigetrueden. Hir Grënn, wisou si den ultimative Kick sichen, sinn ënnerschiddlech. Dem Sarah säi Papp war net vum Motorradsführerschäi begeeschtert an elo huet Si sech mat 30 hiren Dram erfëllt. D'Lynn dogéint ass mat zwee Bridder grouss ginn an huet sech dowéinst scho fréi dofir interesséiert. D’Gefor, en Accident ze hunn, déi ass omnipresent an och jidderengem vun hinnen, wa se déi Tricker maachen, bewosst. De President vum Club Dany Ferreira weess och, wéi wichteg déi richteg Kleedung ass bei esou enger Aktivitéit. Verletzunge respektiv Chutte goufen et der schonn e puer.
Den Ament froe Si all Kéiers bei deenen eenzele Gemengen eng Autorisatioun un, fir dierfen op engem Terrain ze fueren. Ma hire But ass awer, fir d’Zukunft eppes Festes ze fannen, fir dass kee méi op d’Iddi kënnt, nees d’Police ze ruffen, wann de Moto Stunt Club just um üben ass.