Dëse Samschdeg war schonn déi 24. Editioun vum Duck Race hei zu Lëtzebuerg.

Den Duck Race ass eng weider Traditioun hei am Land fir de gudden Zweck. Organiséiert vun der Lëtzebuerger Table Ronde an ënnert dem haut Patronage vun der Stad Lëtzebuerg, gouf elo déi 24. Kéier den Duck Race organiséiert.

Eng 20.000 Inten waren um Depart. An nieft deem Spektakel an der Uelzecht war och e flotten kulinareschen an en Animatiounsprogramm an der Abtei Neimënster.

D'Suen, déi zesumme kommen, ginn u verschidden karikativ Associatiounen.