Musekalesche Besuch am VatikanPoopst Leo XIV. hat Audienz mam Bob Dylan

AFP, iwwersat vun RTL
E Mëttwoch huet sech de Poopst mam US-amerikanesche Singer-Songwriter am Kader vun deem senger Tour getraff.
TOPSHOT - This photo taken and handout on November 4, 2026 by The Vatican Media shows Pope Leo XIV during a meeting with US singer Bob Dylan in The Vatican. (Photo by Handout / VATICAN MEDIA / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE - MANDATORY CREDIT "AFP PHOTO / VATICAN MEDIA" - NO MARKETING - NO ADVERTISING CAMPAIGNS - DISTRIBUTED AS A SERVICE TO CLIENTS
© VATICAN MEDIA/AFP

De 85 Joer ale Folk-Rock Museker Bob Dylan, gebuer als Robert Allen Zimmerman, hat en éischter onkonventionelle Look fir säin Treffe mam Poopst.

Mat schwaarzem Hoodie a mat der Kaputz um Kapp hat hien eng kuerz mee onbeschwéiert Audienz mam Leo XIV., deen him e Rousekranz geschenkt huet. Am Réckzuch krut dësen eng Autobiographie vum Sänger.

De Poopst huet dunn eng Zeil aus dem Buch iwwer Ofrëschtung zitéiert. De Leader vun de Katholicken setzt sech ëmmer nees géint de Krich an. Wéinst senger Kritik um Krich am Mëttleren Osten ass hien och scho mam US-President Donald Trump unenee geroden.

Fir de Bob Dylan war et net dat éischt Treffe mat engem Poopst. 1997 hat hien bei enger Gebietsuucht fir jonk Leit zu Bologna gesongen, déi vum Poopst John Paul II. gehale gouf.

Back to Top
CIM LOGO