Viru 45 Joer"Ein Colt für alle Fälle" huet Premiere op US-Tëlee

Tom Nols
"The Fall Guy" mam Lee Majors an der Haaptroll ass viru 45 Joer op der US-amerikanescher Tëlee ugelaf. 113 mol war de Lee Majors de Stuntman Colt Seavers.
Dem Colt Seavers säi legendären GMC Pick-up.
Dem Colt Seavers säi legendären GMC Pick-up.
© DANIEL BOCZARSKI/Getty Images via AFP

De 4. November 1981 ass op ABC déi éischt Folleg vun "The Fall Guy" gelaf. Sënngeméiss iwwersat steet de Begrëff fir eng Persoun, déi et ëmmer ofkritt, déi als Schëllege muss hierhalen. An der Filmindustrie ass den "Typ, dee fält" och eng offälleg Bezeechnung fir e Stuntdouble.

Bis 1986 sinn a fënnef Staffelen 113 Episode produzéiert ginn, déi ëmmer no engem änleche Muster gestréckt waren. Am Mëttelpunkt vun der Serie stoungen de Colt Seavers, säi Cousin Howie Munson an d'Assistentin Jody Banks, déi allen dräi zu Hollywood als Stuntmen geschafft hunn. Niewebäi hu si sech als Chasseurs de primes eppes dobäi verdéngt, well d'Pai an de Filmstudioen net déck war.

De Lee Majors, dee schonn aus de Serien "Big Valley" a "Sechs Millionen Dollar Mann" bekannt war, hat d'Haaptroll vum Colt Seavers gespillt. Nieft him sinn den Douglas Barr als Besserwësser an Trëllert an d'Heather Thomas als provokant a raffinéiert Assistentin weltbekannt ginn.

Erausgestach hunn dem Colt Seavers säi Pick-up GMC K-2500 Wideside Sierra Grande an d'Titellidd vun der Serie, dat de Lee Majors selwer gesongen hat. A verschiddenen Episoden hate bekannte Leit Gaaschtoptrëtter, wéi de Richard Burton, d'Linda Evans an de Robert Wagner. Och dem Majors seng Ex-Fra Farrah Fawcett war dra virkomm.

A Frankräich hat d'Serie "L'homme qui tombe à pic" geheescht a war do den 19. September 1982 eng éischte Kéier op der Tëlee gewise ginn. Den 8. Mäerz 1983 war d'Serie ënnert dem Numm "Ein Colt für alle Fälle" um ZDF op déi däitsch Tëlee komm.

2024 sollt "The Fall Guy" als Filmadaptatioun an de Kino kommen. De Ryan Gosling hat de Colt Seavers gespillt, Lee Majors an Heather Thomas haten dora Gaaschtoptrëtter.

De Lee Majors, hei op der Filmpremiere 2024, ass mëttlerweil 87 Joer al.
De Lee Majors, hei op der Filmpremiere 2024, ass mëttlerweil 87 Joer al.
© IMAGE PRESS AGENCY/NurPhoto via AFP

Back to Top
CIM LOGO