Am Minettpark kann een e puer flotter Stonne verbréngen. All Sonndeg sinn hei d'Minièresbunn an den Train 1900 op de Schinnen ënnerwee.

Den 1. Mee fänkt déi nei Saison am Minettpark nees un. D’Minièresbunn an den Train 1900 invitéieren d'Leit, dann nees en Tour mat hinnen ze maachen. Et gëtt e Bléck zréck an eng Zäit, wou zu Lëtzebuerg Eisenäerz ofgebaut gouf a wou d'Zich nach mat Damp gefuer sinn.

Bis de leschte Sonndeg am September (28.09.25) fueren déi zwou Bunnen all Sonndeg op hirem Reseau.

Intensiv waren déi lescht Woche bei de Benevolle vum Train 1900. Vill a laang Stonne ware si am Atelier amgaangen, hiert Rullmaterial op déi kommend Saison hin ze preparéieren. Eng Dose Leit ware quasi all Samschdeg am Asaz, fir un den Zich a Waggonen ze schaffen, an den Entretien dovunner ze maachen. "D'Kessele vun den Damplokomotive goufen ausgewäsch. Un der 8 Kilometer laanger Streck muss Entretien gemaach ginn, Schwelle goufen ersat. Aler koumen eraus a goufen duerch Neier ersat", erkläert de Christophe Görtz vun der asbl. 
 
All Sonndeg si beim Train 1900 eng Dampmaschinn an en Autorail am Asaz. Och Diesellocken hëllefen aus. Den éischten Depart mat enger Damplokomotiv ass nomëttes um 14.15 Auer vu Péiteng a Richtung Fond-de-Gras. Eng ronn 25 Minutte fiert een an engem historeschen Zuch an et entdeckt een eng flott Géigend. "Eng 10 bis 15 Benevoller brauche mir all Sonndeg, fir de Betrib ze garantéieren", esou den Olivier Broy vum Train 1900. "Bei groussen Evenementer ewéi dem 'Steampunk' si bis 40 Benevoller néideg", esou erzielt mir den Olivier an eisem Gespréich weider.
 
"Pro Zuch hu mir Plaz, fir eng 230 Leit ze transportéieren. D'Präisser variéieren tëscht 12 a 17 Euro pro Erwuessenen an tëscht 10 an 12 Euro  pro Kand am Alter tëscht 5 an 11 Joer. Kanner ënner 4 Joer si gratis."

Geschicht vum Train 1900

Am Joer 1969 hat e Grupp Studenten d'Iddi, eng Muséeumsbunn ze grënnen. Ee Joer méi spéit goung et du lass. Déi jonk Leit hate Kontakt mat de Responsabel vun der Eisebunn geholl. Si sollten hinne bei der Sich no enger Streck hëllefen. "Zanter 1964 war d’Streck tëscht dem Fond-de-Gras a Péiteng wéinst engem Äerdrutsch op hallwer Streck ausser Betrib", esou de Jean–Marie Thill, Matresponsabel vum Train 1900.

"Wei dat hei 1970 ugefaangen huet, waren hei just zwee Gleiser. Vill Beem, déi bei de Gleiser gewuess sinn. Gebaier ware sou ze soe keng do bis op d'Gare. Et huet misse vill gefléckt a gebotzt ginn, fir iwwerhaapt emol kennen d'Streck fir den Trafic op ze maachen. 1973, wéi et du richteg lassgoung, do war keng Infrastruktur do. An der Gare huet nach en Eisebunner gewunnt. Du gouf emol e klenge Schapp mat der Initiativ vum 'Syndicat d'Initiative vu Péiteng' gebaut", erzielt de Jean–Marie Thill weider. Bis 1985 goung et am Fond-de-Gras nëmme lues virun. Dunn huet den deemolege Kulturminister Robert Krieps d'Saach an d'Hand geholl. 

D'asbl "Train 1900" huet hiren Numm duerch déi éischt Lokomotiv an d'Waggonen aus Holz, déi do op der Streck gefuer ass. Et war alles aus dem Baujoer 1900 
 
Op ronn 52 Deeg war den "Train 1900" d’zejoert ënnerwee an eng 16.000 Leit hu vun dëser Offer profitéiert. 
 
 
Méi Informatioune fënnt een ënner www.train1900.luwww.minettpark.lu oder https://minieresbunn.lu