
De “Fatberg”, wéi de Klompe gedeeft gouf, gëtt op e Gewiicht vun 100 Tonne geschat. De Waasser-Distributeur Thames Water ass alles anescht wéi “amused” iwwer de Fettbierg a riicht sech mat enger Warnung un d’Leit. Si misste verstoen, wat geschitt, wa Fetter a fiicht Dicher an d’Offlëss geroden, heescht et vun der Firma. Och d’Offallentsuergung fir den Norde vu London betount, dass et extrem schiedlech fir d’Kanalisatioun wier. Dëse Klompe fort ze kréien, géif net just immens vill kaschten, et géif donieft och Wochen daueren.
Dëse “Fatberg” ass awer net deen éischte vun där Zort.
2017 hat et néng Woche gedauert, fir dem bis ewell bekanntste Bierg Fett lass ze ginn. Deen hat 130 Tonnen op der Wo bei enger Längt vun 230 Meter. En hat de Spëtznumm “Fat the Ripper”. Eng Prouf dovun ass am Museum of London ausgestallt.
Am November hat de britteschen Ëmweltministère de Verbuet vu fiichten Dicher annoncéiert.