
Zu Frickingen am däitsche Baden-Württemberg ass e Méindeg den Owend eng sougenannt Kugelbomm fir e Silvester-Freedefeier onerwaart explodéiert. Duerch d’Explosioun an enger Lagerhal, an där d’Freedefeier virbereet an och legal verkaf gëtt, hat ee Carton Feier gefaangen, deen da vu Mataarbechter erausbruecht a mat Waasser geläscht gouf. Trotzdeem ass baussen dann ee weidere Sprengkierper detonéiert, wouduerch ee Balcon vun engem Haus niewendru Feier gefaangen huet. Bei dësem Tëschefall gouf een 38 Joer ale Mataarbechter un den Ae blesséiert. Hie gouf an eng speziell Klinik zu Ulm bruecht.
Méi wéi 30 Persoune vun de Pompjeeën a vum Rettungsdéngscht waren an den Asaz geruff ginn. D’Ursaach fir d’Explosioun ass aktuell nach onkloer. D’Police huet d’Ermëttlungen an d’Weeër geleet.