Zu TréierAbriecher kacht sech Nuddelen

Tom Nols
"Du bass net du, wann s de hongreg bass", passt an dësem Fall wéi d'Fauscht op d'An.
Wann de klengen Honger kënnt...
Wann de klengen Honger kënnt...
© ANTOINE BOUREAU/Hans Lucas via AFP

An der Nuecht op en Dënschdeg ass en Awunner vun Tréier duerch verdächteg Geräischer waakreg ginn. Wéi hien dowéinst géint 5 Auer opgestanen ass, huet hie sengen Aen net getraut. A senger Kiche stoung eng friem Persoun, déi sech an aller Rou Nuddele gekacht huet.

Der Police no wier den onerwënschte Gaascht direkt geflücht an aus der Moltkestrasse a Richtung Hauptbahnhof gelaf. De geschockte Bewunner wollt nach d’Verfolgung ophuelen, mee de frieme Kach hätt kënnen entkommen. Och eng Sichaktioun vun den Autoritéite wier net erfollegräich gewiescht.

Futtist Schlass?

Spéider sollt sech erausstellen, dass den Abriecher ouni weider Problemer an d’Wunneng konnt kommen. Duerch en techneschen Defekt hätt een d’Entréesdier net richteg kënnen zouspären, sou d’Police. Geklaut hätt de Mann awer näischt.

Back to Top
CIM LOGO