Den ACL mellt en aussergewéinlechen Asaz de leschten Donneschdeg um Kiss and Fly beim Findel. Wéinst de schlechte Wiederkonditioune konnt de “vollgepaakte Cargo-Schlitt” net wéi geplangt op der Pist vum Fluchhafe landen, mä huet missen um Parking Kiss and Fly missen noutlanden. Duerch Turbulenzen hat de Schlitt allerdéngs seng Rendéiere verluer a konnt esou net méi weiderfléien.
De Lëtzebuerger Automobileclub huet de Schlitt ofgeschleeft a mat op Bartreng geholl. Hei huet den ACL dem Pilot e Liwwerwon geléint, fir datt d’Kaddoe weider verdeelt konnte ginn. Wat op Réckmeldung och geklappt hätt, wéi den ACL schreift.
D’Rendéieren, déi bei den Turbulenze verluer gaange waren, konnte méi spéit op engem Parking zu Beetebuerg fonnt ginn. Si wieren net blesséiert ginn a wiere versuergt ginn.
De Schlitt gëtt beim ACL am Diagnostic Center kontrolléiert a reparéiert.