Bekannt aus Hollywood-KlassikerActrice Eva Marie Saint mat 102 Joer gestuerwen

Tom Nols
D'Schauspillerin hat ënnert anerem am Hitchcock-Film "Der unsichtbare Dritte" matgespillt an donieft 1955 den Oscar kritt fir déi bescht weiblech Nieweroll.
D'Eva Marie Saint am Hitchcock-Klassiker "North by Northwest".
D'Eva Marie Saint am Hitchcock-Klassiker "North by Northwest".
© METRO-GOLDWYN-MAYER (MGM)/Collection ChristopheL via AFP

D'Eva Marie Saint huet a sëllegen Hollywood-Klassiker matgespillt. Si ass en Dënschdeg am Alter vun 102 Joer zu doheem zu Los Angeles am Krees vun hirer Famill gestuerwen.

Si huet an hirer laanger Karriär mat ville bekannte Regisseuren zesummegeschafft. Fir hir éischt Roll am Elia Kazan sengem "On the Waterfront" (Die Faust im Nacken) hat d'Saint 1955 den Oscar kritt fir déi bescht weiblech Nieweroll. Domat war si op ee Coup weltberüümt ginn.

Fënnef Joer méi spéit huet si un der Säit vum Cary Grand d'Haaptroll gespillt am Alfred Hitchcock sengem Film "North by Northwest" (Der unsichtbare Dritte). Et sollt awer hir eenzeg Zesummenaarbecht bleiwe mam bekannte Regisseur. Ausserdeem huet d'Actrice 1960 och nieft dem Paul Newman am Otto Preminger sengem Film "Exodus" matgespillt.

D'Eva Marie Saint war de 4. Juli 1924 zu Newark am US-Bundesstaat New Jersey op d'Welt komm. Mat zwee Stären um Hollywood Walk of Fame ausgezeechent, hat si awer no an no d'Karriär an den Hannergrond gestallt, fir méi Zäit fir d'Famill ze hunn. Hiert Bestietnis mam Regisseur Jeffrey Hayden hat 65 Joer laang gehalen. 2006 hat si am Alter vun 82 Joer nach emol am "Superman Returns" matgewierkt an dem Superheld seng Adoptivmamm gespillt.

D'Eva Marie Saint am Alter vu 95 Joer op enger Gala zu Hollywood.
D'Eva Marie Saint am Alter vu 95 Joer op enger Gala zu Hollywood.
© NICK AGRO / AFP

Back to Top
CIM LOGO