Entrevue beim Premier Andy BurnhamPrënz William éischte Royal zanter 14 Joer an der Downing Street

RTL mat AFP
De britteschen Trounfollger huet de Premier zu London besicht, fir sech iwwer "gemeinsam Prioritéiten" z'ënnerhalen.
De Premier Andy Burnham huet de Prënz William an der Downing Street empfaangen.
De Premier Andy Burnham huet de Prënz William an der Downing Street empfaangen.
© TOBY MELVILLE/AFP

De britteschen Trounfollger Prënz William huet sech en Dënschdeg mam Premier Andy Burnham zu London getraff. Et ass déi éischte Kéier zanter 14 Joer gewiescht, dass e Member vun der kinneklecher Famill an der Downing Street 10 op Besuch war. Fir d'lescht war dat 2012 d'Queen Elizabeth II. gewiescht.

De Porte-parole vum Burnham sot zu der Visitt, et wier üblech, dass den zukünftege Kinnek sech eemol d'Joer mam Premier géing gesinn. Den Entretien, an deem et ënnert anerem ëm den Earthshot-Präis goung, dee vum Prënz 2020 an d'Liewe geruff gi war, soll eng knapp Stonn gedauert hunn.

Am net ëffentlechen Deel vum Gespréich hätte béid Säite "gemeinsam Prioritéite" beschwat, sou d'Downing Street. Gewosst ass, dass de Prënz an de Premier sech besonnesch fir d'Sans-abrien asetzen.

Back to Top
CIM LOGO