
Den Tower of London ass e Samschdeg de Moien no enger presuméierter Attack op d’Bijoue vun der kinneklecher Famill deels gespaart ginn. Véier Persoune wiere wéinst Beschiedegung vun Objete festgeholl ginn, sou d’Police.
Wéi et vun den Autoritéiten heescht, hätt et e Samschdeg de Moien eng Attack mat Iessen op d’Vitrinn mat der Imperial State Crown ginn. D’Police war géint 9.48 Auer brittescher Zäit alarméiert ginn.
E Grupp mam Numm “Take Back Power” huet d’Attack revendiquéiert. Si huet och e Video verëffentlecht, an deem d’Attack ze gesinn ass. D’Organisatioun bezeechent sech als “gewaltfräie Widderstandsgrupp”, déi fir méi héich Steiere fir déi extrem Räich am Land suerge soll.
Déi zwee Aktivisten hunn e Banner virun der Vitrinn an d’Luucht gehalen. Op dësem war ze liesen “Democracy has Crumbled – Tax the Rich”, d’Formuléierung vun der zesummegerbachener Demokratie ass e Wuertspill mam Dessert Crumble. Den Aktivisten no gouf Apple-Crumple op d’Vitrinn geschmiert.
All Joer zielt den Tower of London Millioune Visiteuren. D’Bijoue vun der kinneklecher Famill, deenen hire Wäert fir d’Vereenegt Kinnekräich net miessbar ass, sinn den Héichpunkt vun der Ausstellung.
D’Imperial State Crown ass d’Kroun, déi um Enn vun der Kréinungszeremonie vun der Monarchin oder dem Monarch beim Erausgoen aus der Westminster Abby um Kapp gedroe gëtt. Och bei der Ouverture vum Parlament huet de Kinnek se op.
