
Bis 2030 sollen da bis zu 50% manner Liewensmëttel verbëtzt ginn. Dofir gouf en Dënschdeg mam Bundesernährungsminister Cem Özdemir (Grüne) en Ofkommes accordéiert. Am Ganzen hu 14 Firmen aus dem Grouss- an Eenzelhandel d’Verflichtung ënnerschriwwen an et wéilt een zesummen eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung an Däitschland maachen.
D’Ofkommes baséiert op Fräiwëllegkeet, wier awer alles anescht wéi e lapidaren Accord. Et wiere “Kloer a verbindlech Reegelen” ausgeschafft ginn. Zum Beispill wäerten d’Händler an Zukunft verstäerkt Liewensmëttel weiderginn, zum Beispill u sozial Ariichtungen, Logistik a Killkette missten optimiséiert ginn a Wuere mat kuerzer Halbarkeet missten dem Client méi séier an zu méi bëllege Präisser ugebuede ginn, amplaz dass se am Buttek iwwreg bleiwen. Donieft missten d’Mataarbechter besser geschoult ginn, fir ze vill Offäll ze vermeiden. Nach ee Punkt betrëfft d’Fournisseuren, do sollen d’Firmen d’Méiglechkeet kréien, op d’Ufuerderunge vun dësen ze verzichten, wann déi iwwer d’gesetzlech Standarden erausginn. Uebst a Geméis mat Schéinheetsfeeler solle méi geziilt verkaf ginn, amplaz se just dowéinst ewech ze geheien.
D’Ëmsetze vum Accord, besonnesch déi gesaten Ziler z’erreechen, soll eemol d’Joer verëffentlecht ginn a vun Experten vum Thünen-Institut iwwerpréift ginn. Dat huet de Ministère nach erkläert. D’Ofkommes gëllt bis Enn 2031.
Ënnerschriwwen hunn nieft de groussen däitsche Chaînen Aldi, Lidl, Edeka a Rewe och Kaufland, Penny, Norma an Tegut, souwéi de Liwwerservice HelloFresh, déi zum Grousshändler Chefs Culinar an Transgourmet gehéieren. Och aner Firme kënne sech dem Ofkommes nach uschléissen, sou de Bundesernährungsminister Cem Özdemir weider.
“Bündnis Lebensmittelrettung” kritiséiert déi fräiwëlleg Selbstverflichtung als “stompegt Schwäert” ouni rechtlech Sanktiounsméiglechkeeten. E Bléck op aner Länner géing weisen, dass esou Ziler op fräiwëlleger Basis net zu den noutwennege Verännerunge féiert. Si fuerderen dowéinst rechtlech verflichtend Mesuren, d’Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d’Hallschent ze reduzéieren, déi an der kompletter Liwwerkette gräifen.