A656 bei MannheimAlkoholiséiere Mann war op der Autobunn ënnerwee... zu Fouss!

RTL Lëtzebuerg
De Mann war esou staark alkoholiséiert, datt hie sech laanscht d'Leitplanke gezunn huet. Donieft wousst hie guer net, wou hien dru wier.

E 25 Joer ale Mann huet bei Mannheim missten aus dem Verkéier gezu ginn, well hien däitlech ze vill Gedronk hat. Och wann hien net mam Auto gefuer ass, mä zu Fouss op enger Standspuer vun enger Autobunn ënnerwee war, war hien eng Gefor fir sech an anerer.

Eng Patrull vun der Police huet de Mann dunn aus senger geféierlecher Situatioun befreit. Wéi et vun der Police heescht, war den Alkoholpeegel vun der Persoun esou héich, datt en Alkoholtest emol net méi méiglech gewiescht wier. D’Beamten hunn de Mann dono bei seng Eltere bruecht.

Back to Top
CIM LOGO