10 Blesséierter bei AccidentAlkoholiséierte Kutscher iwwerléisst 8 Joer alem Bouf d'Zigel

RTL Lëtzebuerg
Bei Dresden goufen de Weekend eng Rei Mënsche blesséiert, wéi eng Päerdskutsch ëmgefall ass. D'Zigel hat allerdéngs net de Kutscher, mä e Kand an der Hand.

10 Mënsche wiere beim Ongléck mat der Kutsch zu Klingenberg blesséiert ginn, wéi et vun der däitscher Police heescht. Gelenkt huet de Won allerdéngs en 8 Joer jonke Jong ënnert der Opsiicht vum Kutscher, wéi d’Kutsch vum Wee ofkoum an ëmgefall ass. Well de Kutscher däitlech alkoholiséiert war, gouf en Alkoholtest gemaach, deen e Wäert vun 1,3 Promill erginn huet.

Ënnert de Blesséierten ass nieft dem Bouf an dem Kutscher nach eng 97 Joer al Fra. Wéinst der héijer Zuel u blesséierte Mënschen waren eng Partie Ambulanzen an ee Rettungshelikopter am Asaz. Wéi schlëmm d’Blessure sinn, ass bis ewell net gewosst. De Materialschued un der Kutsch gëtt op ronn 50 Euro geschat. D’Päerd goufe beim Accident net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO