Inklusiounspräis fir Schoulklass vun Äischen"All Kand kënnt an d'Schoul a brauch Hëllef"

Christophe Hochard
Zanter 2003 encouragéiert d'"ZEFI asbl – Zesumme fir Inklusioun" Schoulen oder aner ASBLen, déi sech fir d'Inklusioun staark maachen. 
© Christophe Hochard

De Kanner d’Méiglechkeet ginn, hirem Rhythmus no ze léieren an ze schaffen, dëst ass der Joffer Vicky Pundel ganz wichteg. “All Kand kënnt an d’Schoul a brauch Hëllef. Dowéinst si si jo hei fir ze léieren”, sou d’Schouljoffer am RTL-Interview.

Wat soen d'Kanner aus der Äischener Schoul?
D’Kanner si frou, dass am Cours op spilleresch Manéier geléiert gëtt.

“Et soll keen ausgeschloss ginn”, erkläert d’Martine Kirsch, Presidentin vum ZEFI, Zesumme fir Inklusioun. “An der Klass goufen och eng ganz Partie Adaptatioune gemaach. Sou ka jidderee seng Plaz hei fannen. Jidderee ka sengem Rhythmus ugepasst matmaachen. Op d’Stäerkte vun all Kand gëtt opgebaut”, sou d’Presidentin.

D'Martine Kirsch, Presidentin vum ZEFI, Zesumme fir Inklusioun
Den Unterrecht ass u jiddereen ugepasst, sou dass jidderee ka matmaachen.

An der Klass zu Äischen si 15 Schüler a Schülerinnen. Et ass de Cycle 3.2, also dat fréiert 4. Schouljoer. Siwe Kanner brauchen individuell Hëllef. Mat enger Otemübung fänkt de Cours bei der Joffer Pundel un.

D'Joffer Vicky Pundel
Alles muss an engem Klassenzëmmer Plaz fannen, och Kanner mat Schwieregkeeten.

En Diplom an e Scheck vun 1.000 Euro hunn d’Kanner an hir Schouljoffer vun ZEFI e Méindeg 15.Dezember kritt.

Back to Top
CIM LOGO