
E Sonndeg am Nomëtteg war de CGDIS zur Hëllef geruff ginn, fir eng Kaz aus engem Bam ze retten. D’Déier hat sech héich uewe verfaangen a war net méi selwer aus senger mësslecher Lag erauskomm. Mat engem Kran konnten d’Pompjeeën d’Kaz aus dem Bam retten.
De CIS Lëtzebuerg war mat aacht Leit an e puer Gefierer am Asaz. D’Strooss hat fir d’Rettungsaktioun ronn eng Stonn misse gespaart ginn.
Donieft hat de CGDIS e Sonndeg am Nomëtteg dräi weider Asätz. Zu Wolz hat e Kamäin gebrannt. Hei ass kenger Persoun eppes geschitt. Genee wéi och bei engem Asaz an der Bigelbacherstrooss op der Wallenduerfer Bréck. Hei hat Dreck gebrannt. An da gouf et nach een Accident tëscht zwee Autoen um Belair an der Avenue Gaston Diederich. Hei mellen d’Rettungsekippen ee Blesséierten.