
Eng glécklech Persoun am US-Bundesstaat Florida huet den Jackpot vun 1,58 Milliarden Dollar geknackt. Dat mat den Zuelen 13, 19, 20, 32, 33 an der Zousazzuel 14.
Déi komplett Milliardenzomm kritt si awer nëmmen, wa si sech de Gewënn iwwert en Zäitraum vun 30 Joer an Tranchen ausbezuele léisst. Wa si d’Suen op ee Coup wëll, ginn et “nëmme” 783,3 Milliounen Dollar.
Déi meescht Lotto-Gewënner an den USA entscheede sech dozou, sech de Gewënn an enger Kéier boer ausbezuelen ze loossen. Egal wéi gëtt op béiden Zommen d’Akommessteier fälleg.
En Ticket, fir bei de Mega-Millions matzespillen, kascht 2 Dollar. D’Warscheinlechkeet, den Haapt-Jackpot ze gewannen, läit bei 302 Milliounen zu 1.