D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Venezuela, Grönland a You Can Sing

Julie Thilges
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 11. Januar: D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläert.
Eis Sujeten: Venezuela, Grönland a You Can Sing

Hei kucke mer op de Konflikt tëscht den USA a Venezuela a firwat et iwwerhaapt dozou komm ass. Mir ginn eriwwer a Grönland an erklären, firwat den Donald Trump Grönland wëll hunn, a wou do d’Problematik läit. Eng aner Nouvelle aus Grönland sinn d’Polarliichter, fir déi et eng kuerz Erklärung gëtt, ier et ëm de Schnéi geet, deen zu Lëtzebuerg an och an aneren europäesche Länner gefall ass. An am Sport geet et ëm de Regio Meet an der Coque. Do gouf nämlech en neien nationale Rekord opgestallt.

An am Reportage duerno gëtt et musikalesch: De Weekend war an der Rockhal ee ganz besonnesche Concert. Net vun internationale Museker, mee vu jonken Talenter aus Lëtzebuerg, déi um Projet You Can Sing matgemaach hunn. Mir ware bei de Prouwen dobäi an hunn do de begeeschterte Sänger nogekuckt, wéi si vu professionelle Museker Tipps kritt hunn, fir sech op dee groussen Optrëtt virzebereeden.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.


Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO