De Schockela an der KrisAn de Regaler bleift e leien an awer wäerten d'Präisser klammen

AFP
Normalerweis sinn d'Feierdeeg, déi Deeg, wou méi Schockela misst verkaaft ginn. Ma a ville Butteker bleift en an de Regaler.
Der Chef des Schokoladenherstellers Ritter Sport, Andreas Ronken, rechnet mit weiter steigenden Schokoladenpreise.
Der Chef des Schokoladenherstellers Ritter Sport, Andreas Ronken, rechnet mit weiter steigenden Schokoladenpreise.
© AFP/Archiv

De Chef vum Schockelasproduzent Ritter Sport, den Andreas Ronken, rechent souguer domat, dass de Schockelaspräisser wäerten an d’Luucht goen. “Mir erliewe grad eng Schockelaskris”, sou de Ronken e Sonndeg géintiwwer dem Portal t-online. “Méi bëlleg geet net méi.” Am Géigendeel wier éischter mat enger Hausse ze rechnen, well Tropeproduite wéi Kakao besonnesch vum Klimawandel betraff wieren. “Wann all dräi Joer d’Reenzäit ausfält, klammen d’Risiken. Ech muss et kloer soen: Mir hunn d’Welt futti gemaach.”

De Kakaopräis huet sech bannent kuerzer Zäit méi wéi verduebelt, e läit elo bei knapp 5.500 Dollar (ëmgerechent 4.680 Euro) pro Tonn. Am Eenzelhandel huet d’Hausse zu engem Réckgang vum Ofsaz vu bis zu zéng Prozent geféiert.

D’psychologesch Schmäerzensgrenz am Handel läit bei zwee bis dräi Euro pro Tablett Schockela. Et hätt een awer keng Wiel, wann de Kakao esou deier bleift, da misst een entweder d’Tablett Schockela méi kleng maachen oder de Präis eropsetzen, seet de Ritter-Sport-Chef. “Ech fannen de Wee iwwert de Präis däitlech méi fair.” Ritter Sport wéilt dohier u senger Tablett vun 100 Gramm festhalen.

Back to Top
CIM LOGO