Happy HamburgAn der beléiftster Touristenattraktioun vun Däitschland

Luc Marteling
D'Miniatur Wunderland huet bei den auslännesche Gäscht bei eisen Noperen d'Nues vir. Mir hunn e Bléck hannert d'Kulisse vun der Wonnerwelt an Norddäitschland geheit.
Déi beléiftsten Touristenattraktioun vun Däitschland ass zu Hamburg
Wat gëtt et do ze kucken? Wie schafft do? Wéi soll ee seng Visitt plangen? A wat sinn d’Highlighten? E Bléck hannert d’Kulisse vum “Miniatur Wunderland”.

Den Amazonas-Urbësch an d’Atacama-Wüst an den Anden – am Laf vun dësem Joer dierfte se opgoen. Nee, natierlech net a Latäinamerika, mee an engem imposante Gebai an der Hamburger Speicherstadt. Do gesinn d’Fassade bal all d’selwecht aus an hir brongelzeg Feierzille verroden net, wat sech hannert e verstoppt.

An dësem Fall ass dat e Wonnerland, e Modelleisebunn-Wonnerland, dat säin Numm wierklech net gestuel huet: “D’Leit kommen ouni konkreet Erwaardunge bei eis. Se denke vläicht, se gi kucken, wat eeler Hären do fabrizéiert hunn”, seet den Niklas Weissleder a laacht. “Dann ass et natierlech einfach, een ze iwwerraschen an engem seng Attenten ze iwwertreffen.” Iwwertraff ginn déi mat Miniatur-Welten, also realen oder erfonnte Sitten, déi op e puer Quadratmeter reduzéiert goufen, mat Sécherheet!

Den Niklas Weissleder schafft am Miniatur Wunderland Hamburg an ass de liewege Beweis fir dat, wat de Motto vun der Institutioun ass: “Mir weisen eis Aarbecht. Mir weisen eis Passioun.” An datt d’Miniatur Wunderland eng Passioun ass, dat mierkt een als Visiteur op den éischte Bléck: Esou vill butzeg Detailer, esou vill Léift fir Klengegkeeten, esou vill technesch Kniwwlereien – et ass geckeg a faszinant a genial zesummen. E gudde Krack méi wéi eng klassesch Modelleisebunn.

D’Miniatur Wunderland an Zuelen
Baustart am Dezember 2000 – déi gréisst “Modelleisebunn” vun der Welt – méi wéi 1.050.000 Aarbechtsstonnen – alles am Moossstaf 1:87 – am Ganze 16.491 m Gleisen an 30.500 l Waasser – bal 500.000 LEDe ginn un, wann et an der Miniaturwelt däischter gëtt – e Fluchhafen op 125 m2 mat méi wéi 40 Fligeren a ronn 500 Starten a Landungen den Dag – 365 Deeg am Joer op – iwwer 22 Millioune Visiteure bis elo (Source: Info-Flyer vum Miniatur Wunderland)

12 Minutten dauert den Dag am Wonnerland, ronn zwou Minutte laang d’Nuecht. Da gëtt et däischter an iwwerall gi Luuchten oder éischter Litercher un. A well d’Miniaturwelt net statesch ass, mee lieft, mat Zich, déi fueren, mat Fligeren, déi fléien, mat Courseautoen, déi rivaliséieren, muss alles minutiéis getimet, getakt, koordinéiert ginn. Vu Computeren a Programmer an Algorithmen, kloer, awer och vu Leit, déi alles iwwerwaachen. An där brauch et eng jett: 8 Aarbechtsplaze gëtt et eleng um “Leitstand”, deen ëmmer alles am Bléck huet. An ëm dat alles këmmere sech net manner ewéi 450 Mataarbechter. “Esou grouss ass d’Team vum Miniatur Wunderland zu Hamburg”, erkläert den Niklas Weissleder voller Houfert.

Wien et wëll kucke goen, ass gutt beroden, fréi en Ticket ze reservéieren. D’Plaze sinn nämlech limitéiert an dacks sinn d’Contingente séier ausgebucht. Obwuel d’Wonnerland an der Haapttouristesaison vu moies 7 bis nuets 1 Auer op huet, nonstop! Soss géif een der Nofro guer net méi nokommen. A fir eng Visitt sollt een op d’mannst zwou Stonnen aplangen, esou de Rot vum Niklas Weissleder. An dat wier nach zimmlech knapp gerechent ...

Schonn e puer Mol gouf d’Miniatur Wunderland zu der “beliebtesten Sehenswürdigkeit Deutschlands” gewielt. Dat ass eng Ëmfro vun der “Deutsche Zentrale für Tourismus” ënner auslännesche Gäscht bei eisen Noperen. Den Haaptkonkurrent do ass iwweregens den Europa-Park zu Rust, dee jo och bei de Lëtzebuerger ganz beléift ass. Mat deem wier een awer frëndschaftlech verbonnen, esou den Niklas Weissleder, et géif ee souguer punktuell zesummeschaffen.

D’Beléiftheet vun der Miniaturwelt huet zu der Auszeechnung gefouert an d’Auszeechnung huet de Succès natierlech nach emol méi grouss gi gelooss. 2024 goufen 1,6 Millioune Visiteure gezielt, 1,7 Milliounen hätten der och nach wëlle kommen, mee fir si war keng oder net direkt Plaz. Trotz dësem “Luxusproblem” waren antëscht méi wéi 22 Millioune Leit am Wonnerland. Kee Wonner also, datt dat an engem Stéck méi grouss gëtt: Eng Passerell iwwer dem Waasser vum “Kehrwiederfleet” verbënnt déi zwee Deeler vun der Miniaturwelt, déi a verschiddene Gebaier ënnerbrucht sinn.

Am Abrëll 2024 ass no laanger Bauzäit de Formel1-Circuit vu Monaco opgaangen. Komplett selwer programméiert gëtt do lo Course gefuer. An dëst Joer dierften dann och den Amazonas an d’Atacama opgoen. Iwwerdeems d’Wüüst sur place gebaut gëtt, setzt eng Famill vun Argentinien den Urbësch zu Buenos Aires op. Déi hat viru Joren eng Reportage iwwer d’Miniatur Wunderland op der “Deutsche Welle” gesinn a war esou begeeschtert, datt se Kontakt opgeholl huet. De Sebastian Drechsler, ee vun de Käpp hannert dem Wonnerland an och alt emol als Ausseminister dovu bezeechent, huet sech mat der Famill getraff ... an et ass ee sech eens ginn. D’Resultat dierft een da geschwë kënne kucke goen: e Stéck Südamerika aus Südamerika matten an Hamburg.

Konzentréiert sech op d’Kärwäerter vu sengem Projet: De Sebastian Drechsler vum Miniatur Wunderland Hamburg am Interview beim Sonja Schwetje, CEO vun RTL Nord (Oktober 2025).
© Luc Marteling

Wien därmoosse begeeschtert ass, dee kann och Backstage-Toure buchen, fir ze gesinn, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit – wéi alles technesch funktionéiert, wéi nei Statiounen entstinn, wéi ee sech muss quëtschen a bécken, wann eppes ze flécken ass – egal ob zu Las Vegas oder an den Alpen, a Skandinavien oder a Patagonien, um groussen Airport oder am Olympiastadion, an der Provence oder zu Knuffingen, dat stellvertriedend fir Däitschland steet. Natierlech dierf d’Hansestad Hamburg net feelen.

Keen Export geplangt

Reegelméisseg ginn d’Cheffe vum Wunderland gefrot, ob se hir Iddi net wéilte verkafen, also och esou eng Miniaturwelt an anere Stied opmaachen, quasi als Franchising. Bis elo hätt een awer op esou en Export verzicht, hätt een interesséierten Investisseuren net noginn. Firwat? Et géif een dee Besoin einfach net spieren, et wéilt een unique zu Hamburg bleiwen: “Eis Kärgeschäft ass d’Léift. D’Léift zum Detail fir de Visiteur”, heescht et esou schéin, ma dee Message kënnt un, well bis elo hätt ee vun der Mond-zu-Mond-Propaganda gelieft, Marketingaktiounen wieren nach keng néideg gewiescht.

D’Beléiftheet weist sech och dorun, datt all Joer eng 5.000 vun de kleespere Figure geklaut ginn – wuel éischter vu jonke Visiteuren. Déi ginn dann natierlech ersat. Iwwerhaapt wier d’Maintenance extreem zäit- a personalopwänneg, mee et misst ee stänneg aktualiséieren, well soss gesinn zum Beispill d’Autoen op eemol all al aus – an déi wieren nun emol zu Zéngdausenden an der klenger grousser Welt vertrueden.

Op Logoe gouf iwweregens ganz bewosst net verzicht: “Ouni Reklammen ass et langweileg”, seet den Niklas Weissleder op sengem Tour duerch d’Expo, déi esou och weesentlech méi authentesch ass. An et wier souguer méiglech, Product Placement ze maachen, also seng Mark am Wonnerland ze veréiwegen, géint e “Baukostenzuschuss”.

A Baukoste gëtt et och an Zukunft, well et soll weidergebaut ginn: No Amazonas an Atacama 2026 kéint 2027 Asien entstoen, vläicht mat Indien, China, Hongkong, Korea a Japan. Allerdéngs hätt ee bei Lancementsdatumer och alt scho mol ëm Joren dernieftgeleeën. Mee bei esou vill Detailer kann een engem dat net verdenken.

À propos denken: U Benelux gouf och alt scho mol geduecht, verréit den Niklas Weissleder am RTL-Interview (Video uewen).

Praktesch Informatiounen


Fotogalerie - August 2024

Back to Top
CIM LOGO