Sech fillen wéi am "Phantom der Oper"An der Opéra Garnier zu Paräis kann een elo och iwwernuechten

RTL Lëtzebuerg
Wéi kéint et och anescht sinn? Zu Paräis, an der Stad vun der Léift, kann een elo a Saache Romantik nach eng dropsetzen.
Eng Nuecht an der Opéra Garnier zu Paräis
Wéi kéint et och anescht sinn? Zu Paräis, an der Stad vun der Léift, kann een elo a Saache Romantik nach eng dropsetzen.

D’Tourismusbranche boomt nees an d’Konkurrenz ass grouss. Do loosse sech verschidde Leit scho ganz besonnesch Saachen afalen, déi den Tourist dozou solle beweegen, bei hinnen ze iwwernuechten.

An der Opéra Garnier, enger vun den zwou Opere vu Paräis, kann een zanter Kuerzem iwwernuechten a sech fillen, wéi am “Phantom der Oper”. Well et ass hei, wou sech déi faméis Libesgeschicht vum franséische Schrëftsteller Gaston Leroux ofspillt.

Mat am Package ass d’Begréissung vun der Famill selwer. D’Urenkelin ass houfreg drop, de spezielle Gäscht dëse besonnesche Lieu ze weisen, deen hiren Urgrousspapp dozou inspiréiert huet, ee vun den ikoneschste Romanen aus dem 19. Joerhonnert ze schreiwen.

Ma dat ass awer nach net alles. Wëll och fir Iessen a Gedrénks ass am historesche Gebai aus dem 19. Joerhonnert gesuergt, an dat net egal wou. Backstage kann een hautno am “Foyer de la Danse” materliewen, wéi d’Dänzer sech virun engem Optrëtt fäerdeg maachen.

D’Iddi dohannert kënnt awer vun enger weltwäit bekannter Onlineplattform fir d’Lounen a Verloune vu Wunnengen an Haiser op kuerz Zäit. Virun allem Paräis wier en Touristemagnéit an dat misst ee fir sech notzen. Dofir ass dat heiten och net déi eenzeg Plaz, erkläert den Direkter vun Airbnb.

“Mir hu virun e puer Joer mat de Katakomben ugefaangen a mam Paräisser Aquarium. Du koum 2019 de Louvre dobäi. Dofir konnt eng Koppel an der Pyramid vum Louvre schlofen. An déi heite Plaz, ass mat eng vun deene schéinsten, déi mir den Ament ubidde kënnen. Eng Ikon vu Paräis. D’Opéra Garnier ass wuel déi schéinste Plaz an der Stad. An all dat féiert dozou, dass mir d’Leit wëllen encouragéieren, fir ze reesen an an engems ze dreemen. Domadder verbanne mir Emotioune ronderëm d‘Reesen.”

A mat dëser Aktioun, ënnerstëtzt d’Onlineplattform dann och d’Renovatioun vun de Logen am Theater an hëlleft der Oper an engems hiren Online Streaming ze erneieren.

Back to Top
CIM LOGO