D’US-Ambassade wollt mat dësem Video engem Jonken Lëtzebuerger een Austausch an Amerika finanzéieren. D’Kommentaren drënner sinn awer gréissten Deels negativ ausgefall, an hu sech géint déi aktuell politesch a sozial Zoustänn an Amerika geriicht. Esou Austausch-Reese ginn et der e puer zu Lëtzebuerg. Schüler aus dem Jonglënster Lycée ginn zum Beispill zanter puer Joer op Lacross am Wisconsin. Et sinn awer net si, déi sech am Kontext vu sou Reese Suerge maachen. Et wier d’Elteren, déi Froen an Suergen hätten.
De Marc Zimer huet ee perséinlechem Lien mat den USA, well hie wärend puer Joer do gewunnt huet. D’Leit dohanner wieren nach ëmmer esou frëndlech wéi virdrunner, dat eenzeg wat geännert hätt, wieren déi administrativ Demarchen. Hei géife si oppassen, et bei der Arees net méi als Austausch ze bezeechnen, mä elo géife si soen, si wieren op engem Ausfluch.
Net nëmmen Austausch-Reesen zéie Lëtzebuerger an Amerika. D’Zuel vun de Lëtzebuerger, déi op déi aner Säit vum Atlantik studéieren, ass an de leschte fënnef Joer geklommen. Aktuell sinn et der eng 160. Och wann d’Zuel eropgaangen ass, d’Suergen, zemools no dem leeschte Joer, bleiwe bei de Studenten an Amerika awer nach ëmmer bestoe. Vill Studente géife sech Suerge maachen, dass si hiren Studentevisa kéinte verléieren an deportéiert ginn, falls si hir Meenung soen.
D’Unien an Amerika géife kaum mat de Studentevertrieder hei am Land kollaboréieren, dofir géif een um Kontakt mat de Lëtzebuerger Studente festhalen. Si sinn och nach ëmmer all Joer op der Studentefoire vertrueden.