
Entdeckt goufe se bei Bauaarbechte fir d’Stroossebunn vu Paräis an d’Griewer gëllen als sensationell Entdeckung. “Zanter der Antik hat se nach ni ee gesinn”, esou den Dominique Garcia, Chef vum archeologeschen Institut Inrap.
Nieft den mënschlechen Iwwerreschter goufen awer och Géigestänn vum alldeegleche Liewen, wéi Tasen oder Becher aus Toun, respektiv Glieser fonnt. Dës, wéi och d’Mënzen, déi ee fréier den Doudegen an de Mond geluecht huet, sollten de Verstuerwenen hëllefen, fir hir Rees an déi aner Welt ze bezuelen.
LINK: Weider Detailer um Site vum Institut national des recherches archéologiques préventives