
An dat mat engem immense Succès. Wéi d’Hëllefsorganisatioun Majblomman en Dënschdeg matgedeelt huet, ass et dem Hamid duerch de Verkaf vu Broschen aus Pabeierblummen am Kader vun enger järlecher Campagne ëmgerechent 212.000 Euro ze sammelen. Hie konnt esouguer dem schwedesche Ministerpresident Ulf Kristersson esou eng Brosch verkafen.
“Esou eppes hunn ech an 100 Joer nach net erlieft”, sot d’Directrice vun der Organisatioun Ase Henell géintiwwer AFP. De Veräin Majblomma ënnerstëtzt aarm Kanner a Schweden mat Gezei a finanzéiert Aktivitéiten, zu deene si keen Zougang hunn.
Kanner verkafe fir de Veräin entweder un der Hausdier oder am Internet all Joer am Fréijoer Broschen aus Pabeierblummen. Am Duerchschnëtt sammelen déi jonk Benevollen dobäi ronn 120 Euro an dierfen 10 Prozent Provisioun souwéi all d’Drénkgeld halen.
De Murhaf Hamid, deen als Fils vun äthiopeschen Elteren a Schweden op d’Welt koum, gouf eegenen Aussoen no um éischten Dag vun der Spendesammlung vun e puer Erwuessenen opgefuerdert, vun der Strooss ze verschwannen an huet deementspriechend och a fënnef Stonnen nëmme ganz wéineg Brosche verkaf kritt.
Dës negativ Erfarung huet doropshin eng Frëndin vun der Famill op Facebook verëffentlecht. Dëst goung viral an huet do fir weider rassistesch Kommentare gesuergt, awer och fir iwwerwältegend groussen Zousproch a Solidaritéit. D’Laila Rahman, d’Frëndin vun der Famill, huet ervirgehuewen, et géif dorëm goen, d’Bewosstsinn fir dem Jong seng Situatioun ze schäerfen. Hien ass a Schweden gebuer, lieft zanter 11 Joer am Land a wann d’Eltere keng Openthaltsgeneemegung kréien, muss den Hamid seng Heemecht automatesch mat verloossen.
Medieberichter no huet den Hamid fir seng Mamm no senger Sammelaktioun eng ganz speziell Fro gehat: ob hien hir vu senger Provisioun en Openthaltstitel kafe kéint. A well dat zwar gutt gemengt, awer net méiglech war, huet de Jong decidéiert, fir seng Famill Gezei, Schong an aner Saachen ze kafen, déi si brauchen.
D’Majblomma-Campagne leeft nach bis den 3. Mee.