
D’Airline Qantas war laang fir hir streng geschlechtsspezifesch Richtlinne fir d’Erscheinungsbild vun hire Mataarbechter bekannt. Mam neien Dresscode wäert et, wéi d’Airline e Freideg matdeelt, an Zukunft keng separat Virgabe méi fir Männer a Frae ginn.
Deemno kënnen all d’Membere vun der Crew fir sech decidéieren, ob si Make-Up wëllen droen oder net an ob si flaach Schong oder mat Ofsaz undoe wëllen. Och bei Männer wäerten deemno an Zukunft laang Hoer erlaabt sinn, soulaang wéi si se als Wutz oder Tuppi bannen.
“Eis Uniform-Richtlinnen hunn ëmmer den Zäitgeescht erëmgespigelt”, wéi Qantas selwer erkläert. Déi nei Styling-Virgabe solle méi staark den haitegen Erwaardungen entspriechen an d’Uniform méi komfortabel maache fir Mataarbechter mat “villfältege kulturellen Hannergrënn”.