Gesetz géint d'TubaksindustrieAustralien wëll Zougang zu Vaporisateure staark limitéieren

RTL Lëtzebuerg
Der australescher Regierung no géif d'Tubaksindustrie Vaporisateuren notzen, fir déi Jonk süchteg no Nikotin ze maachen.
© SANDRINE MARTY/ Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

En neit Gesetz soll dowéinst den Zougang zu Vaporisateuren drastesch aschränken. D’Gesetz, dat een vun de strengsten Anti-Fëmm-Gesetzer zanter 10 Joer ass, gesäit vir, Vaporisateuren, déi nom Benotzen ewechgehäit ginn, komplett ze verbidden. Den Import vu Vaporisateuren, déi net vun engem Dokter kënne verschriwwe ginn, soll och verbuede ginn. Ausserdeem soll festgeluecht ginn, wéi vill Nikotin an der Flëssegkeet, déi verdämpt gëtt, dierf enthale sinn.

Wéi et vum australesche Gesondheetsminister Mark Butler heescht, wier d’Vaporiséieren antëscht ënnert den australeschen Teenager wäit verbreet. D’Tubaksindustrie wier mat de Vaporisateuren dorop aus, eng nei Generatioun vun Nikotin-Süchtegen erunzezillen.

D’Vaporiséiere wäert an Australien nëmmen nach erlaabt sinn, wann ee mam Fëmmen ophale wëll an eng eng Ordonnance vu sengem Dokter huet.

Back to Top
CIM LOGO