
De Mann gouf de Rettungsekippen no e Mëttwoch an der Torres Strait, ronn zwee Kilometer vu sengem gekenterte Boot ewech entdeckt a gerett. Hien huet sech deemno un engem Stéck Holz ugehalen, fir iwwer Waasser ze bleiwen.
Wéi d’Maritime Safety Authority mellt, war den Australier en Dënschdeg vun der Insel Getullai, déi virun der Nordspëtzt vun Australien läit, fortgefuer, awer net wéi geplangt u sengem Zil ukomm. Eng Sichaktioun mam Fliger war en Dënschdeg den Owend ouni Succès, eréischt e Mëttwoch de Moie konnt de Glécklechen um Enn fonnt ginn.