
Wéi d’Police vu Wittlich matgedeelt huet, hätte si vun e puer Automobilisten e Schof am Chantiersberäich op der A64 gemellt kritt. D’Poliziste sinn dem Schof zu Fouss iwwert e puer honnert Meter nogaangen, bis se et op enger gënschteger Plaz agefaange kruten.
D’Déier huet missen un all de Been gefesselt a berouegt ginn. Fir den Asaz hat d’Autobunn iwwert eng länger Zäit misse komplett fir de Verkéier gespaart ginn. D’Schof gouf bei en Déierendokter an der Géigend transportéiert. Et gouf net blesséiert.
Ob d’Schof engem gehéiert, ass onkloer. D’Déier huet keng Kennzeechnung am Ouer dofir kann et sinn, datt et guer kee Besëtzer huet. D’Beamten hunn drop higewisen, datt de méigleche rechtméissege Besëtzer d’Schof beim Déierendokter ofhuele kann.