
En Affer hat sech bei der Police gemellt, well him, wéi och engem anere Gefier, wat an der Géigend stoung, d’Autosplacke vir an hanne gefeelt hunn. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si festgestallt, datt dëst bei méi Gefierer de Fall war. D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl an d’Kennzeeche vun den eenzelen Autoen notéiert.