SchwäizBasejumper déidlech verongléckt

RTL Lëtzebuerg
E 36 Joer ale Spuenier, deen an Däitschland lieft, ass bei engem Basejump-Accident am Schwäizer Lütschental ëm d'Liewe komm.
En Archivbild vun engem Basejumper (Dës Foto weist net déi verongléckt Persoun oder d'Plaz, wou et passéiert ass)
En Archivbild vun engem Basejumper (Dës Foto weist net déi verongléckt Persoun oder d’Plaz, wou et passéiert ass)

Wéi d’Police matdeelt, wier de Mann vun der Plaz “Bira” erofgesprongen. An engem Bësch ass hie mat Beem kollidéiert an doduerch erofgefall.

Beim Basejumping spréngt eng Persoun mat engem Wingsuit (Iwwersat Fligelkostüm) oder engem Fallschierm vu beispillsweis engem Fielsvirsprong oder och Antennen, Brécken a Gebaier gi genotzt. Esou e Kostüm huet Stoff tëscht den Äerm a Been, déi wéi Fligel wierke sollen. Domadder kënnen d’Basejumper hire Fluch steieren. Kuerz virun der Landung zéien d’Sportler da meeschtens e Fallschierm.

Back to Top
CIM LOGO