Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. D’Zil ass et, e realistesch Bild vun der moderner Landwirtschaft ze vermëttelen, d’Relatioun tëscht Produzenten a Konsumenten ze stäerken an de Leit ze weisen, wéi eis Liewensmëttel entstinn. Um Glacis stinn ënner anerem landwirtschaftlech Maschinnen an eng Rei Déieren – vu Kéi iwwer Schwäin bis bei Geessen a Schof. Doriwwer eraus kënnen d’Visiteuren och selwer aktiv ginn: Kéi sträichen oder Botter hierstellen gehéieren zu den Aktivitéiten.
De Freideg ginn haaptsächlech Schoulklassen erwaart, wärend de Weekend fir déi breet Ëffentlechkeet op ass. Am Kader vum “Bauerenhaff an der Stad” diffuséiere mir och e Sonnden den Owend um 20h00 den Documentaire vum Tom Alesch mam Numm “Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren”.