Nächste Weekend kënnt nämlech de Bauerenhaff an d‘Stad.
Wärend dräi Deeg verwandelt sech de Glacis an e Stéck ländlecht Liewen. Mat der 5. Editioun vum “Bauerenhaff an der Stad” wëllen d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren de Leit nees d‘Méiglechkeet ginn, d‘Landwirtschaft ze erliewen, ze verstoen an ze schmaachen.
Et wéilt een de Leit nees ee méi realistescht Bild vun der moderner Landwirtschaft ginn an de Kontakt tëscht Produzenten a Konsumente stäerken. An de leschte Joerzéngten hätt sech d’Bild vun der Landwirtschaft an der Gesellschaft staark verännert. Vill Konsumenten hätten haut nëmme wéineg Abléck an d’Realitéit vun der Liewensmëttelproduktioun. Mat Aktiounen ewéi dem “Bauerenhaff an der Stad” wëllen d’Organisateuren dës Distanz iwwerbrécken an d’Ëffentlechkeet iwwer d’Aarbecht vun de Baueren informéieren, sou d‘Landwirtschaftsministerin Martine Hansen.
“Dat ass extreem wichteg, fir déi modern Landwirtschaft ze weisen an der Stad, wou d‘Leit net méi onbedéngt den direkte Kontakt mam Bauer hunn. D‘Landwirtschaft huet staark evoluéiert an et kann een dann och hei an der Stad an den direkte Kontakt mat de Produzente kommen, fir och mat deene fachlech Diskussiounen ze féieren, fir wierklech déi neiste Saache gewuer ze ginn, fir ze weisen,. wéi eis Liewensmëttel produzéiert ginn.”
Nieft Informatioun iwwer d’Produktioun vun de Liewensmëttel geet et och drëms, d’Realitéite vum landwirtschaftleche Beruff méi verständlech ze maachen, de Kontakt mat de Leit ze sichen an hinnen een Abléck an den Alldag vun de Baueren ze ginn. Engersäits wäerte vill Trakteren a Maschinnen ausgestallt ginn, ma och déi wichtegst Déiere vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft gi virgestallt, dorënner Mëllechkéi, Schwäin, Geessen a Schof. Et kann ee léieren, wéi een eng Kou sträicht, wéi Botter hiergestallt gëtt an och fir d‘Kanner ginn déi ënnerschiddlechsten Animatiounen ugebueden, wéi de Charel Ferring, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren erkläert.
“Freides empfänke mir ganz vill Schoulklassen, do ass de Site awer och op fir de Grand Public. Mir hunn eng ganz Partie regional Stänn,wou Leit a Baueren hir eege Produiten verkafen, wou een och kucken a schmaache kann. Dat Ganzt natierlech mat Musek an Animatioun fir Grouss a Kleng. Fir d‘Kanner hu mir och ee Sprangschlass, mir hunn eng ganz Partie Bastelaktivitéite ronderëm d‘Landwirtschaft a soss flott Aktivitéiten. Fir Grouss a Kleng ass also gesuergt, also bei eis kritt ee gutt den Dag ëm.”
De ganze Weekend iwwer wäerten um Glacis och vill verschidde regional Produiten ugebuede ginn, wou d’Visiteuren direkt mat de Produzenten a Kontakt triede kënnen.