Privatsphär verletztBenko gewënnt och dëse Prozess zu Innsbruck

Anja Gorge
Dës Woch koum et zu Innsbruck erëm zu engem Benko-Prozess. Ma dës Kéier net vum fréieren Investor René Benko selwer, mee vu senger Fra.
© STARPIX/APA-PictureDesk via AFP

Korrespondenz vun Innsbruck Anja Gorge

D’Nathalie Benko, d’Fra vum fréiere Chef vun der Signa-Grupp an Investor René Benko, huet de leschte Mëttwoch um Landesgeriicht Innsbruck schonns erëm géint e Medienhaus gewonnen. Dës Kéier ass et ëm d’Berliner Morgenpost gaangen, méi genee ëm d’Funke Medien Berlin GmbH, déi am Mäerz online behaapt hat, d´Madamm Benko hätt d’Scheedung agereecht. Der Riichterin Martina Eberherr no war dës Noriicht net nëmme falsch, mee och e kloren Agrëff an d’Privatsphär vum Nathalie Benko. Am Artikel waren esouguer Scheedungsgrënn ernimmt ginn – e Punkt, deen d’Riichterin als nach méi schwéiere Verstouss gewäert huet.

D’Medienhaus ass zu enger Entschiedegung vu 1.500 Euro verurteelt ginn, a wann d’Urteel juristesch a Kraaft trëtt, muss et och online publizéiert ginn. Fir de Benko-Vertrieder Hubertus Weben ass dës Zomm allerdéngs ze niddreg ausgefall. Hien huet ugekënnegt, dass hie wëll an Appell goen - doduerch ass d’Urteel nach net definitiv.

An der nëmmen 20 Minutte laanger Verhandlung ass et haaptsächlech dorëms gaangen, ob d´Berliner Morgenpost en héije Public areecht. De Vertrieder vum Blat huet eng grouss Online-Diffusioun bestridden an dorop higewisen, datt en éisträichesche Bedruchsfall net onbedéngt massiv zu Berlin geklickt géif ginn. D’Benko-Säit huet dat als bewosst Erofspille vun den Zuele kritiséiert – eng Taktik, déi dem Affekot Weben no bei änleche Medieprozesser dacks géif optrieden.

De Prozess reit sech an eng Serie vu weideren Urteeler vun der leschter Woch an. Sou sinn och den Axel Springer Verlag an de Schwäizer Tagesanzeiger fir falsch Berichterstattung iwwer déi vermeintlech Scheedung verurteelt ginn. Hei leien d’Geldstrofen tëscht 2.000 an 8.000 Euro, an och dës Medie missten am Fall, wou si verléieren, d’Urteeler online publizéieren.

Anja Gorge vun Innsbruck fir RTL

Back to Top
CIM LOGO