
Bal d’Hallschent vun de Betriber schwätzt vun enger Beanträchtegung vun hire kommerziellen Aktivitéiten, well et u Fachpersonal feelt. Dat stellen d’Fërderbank KfW an den Institut Ifo fest.
Am meeschte betraff ass de Secteur vun den Zerwisser. Dat Phänomeen existéiert trotz der gedréckter Konjunktur, déi et am Kader vum Ukrain-Konflikt gëtt. Obwuel Däitschland sech grad um Bord vun enger Rezessioun befënnt, gëtt a ville Betriber staark rekrutéiert.
D’Zäit, bis eng oppe Plaz besat ass, ass an der Moyenne bannent der leschter Dose Jore vun 2 op 5 Méint eropgaangen. Dës Aarbechtsplaze kéinten dacks net vun de Leit, déi no enger Schaff sichen, besat ginn, well déi net déi néideg Qualifikatiounen hunn.