Trotz MëssbrauchsprozessBill Cosby wëll nees op Tour goen

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikanesche Komiker Bill Cosby wëll am Fréijoer oder Summer 2023 nees op Tour goen. Dat obwuel ëmmer nach e Prozess géint hie leeft.
© AFP/Don EMMERT

Am Kader vun der #Metoo-Beweegung krut de Bill Cosby vu méi wéi 60 Frae sexuelle Mëssbrauch reprochéiert. An engem Fall gouf de Schauspiller a Komiker 2018 zu enger Prisongsstrof vun 3 bis 10 Joer verurteelt, wéinst engem Feeler am Prozess koum en allerdéngs schonn 2021 nees op fräie Fouss.

Obwuel en ufanks Dezember 2022 nees vu fënnef Frae verklot gouf, huet de 85 Joer ale Bill Cosby wëlles, op Tour ze goen, wéi hien an engem Radiosinterview erkläert. Och säi Spriecher huet dëst confirméiert a preziséiert, datt de Komiker heifir wuel d’Fréijoer oder de Summer 2023 am Bléck huet.

Vun de Reprochë géint de Cosby aus dem Joer 2018 sinn der entretemps eng ganz Rei verjäert. Am Juni 2022 gouf hien zu enger Geldstrof vu 500.000 Dollar verurteelt, well hie viru méi wéi 45 Joer en deemools 16 Joer aalt Meedche sexuell soll mëssbraucht hunn.

Back to Top
CIM LOGO