Satellit liwwert DonnéeënBiller weise Mondkrater no Rakéiten-Opprall um Mound

RTL Lëtzebuerg
E véier Tonne schwéiert Stéck vun enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX ass e Mëttwoch mat ronn 8.690 Kilometer an der Stonn onkontrolléiert um Mound ageschloen. E Satellit liwwert éischt Opnamen.

De südkoreanesche Satellit Korea Pathfinder Lunar Orbiter (KPLO), och Danuri genannt, huet éischt Biller vun der Plaz um Mound opgeholl, op där e Stéck vun enger Rakéit vu SpaceX ageschloe war. Den Danuri wier iwwer d'Plaz geflunn, kuerz nodeems den ieweschten Deel vun der Falcon 9 um Mound ageschloe war, deelt de südkoreanesche Raumfaartinstitut en Donneschdeg mat. De Satellit wier op senger Moundëmlafbunn e puer Mol iwwer d'Plaz geflunn an hätt dobäi Biller virun an nom Opprall opgeholl.

Den Institut huet Opname verëffentlecht, déi weise géingen, datt d'Mounduewerfläch op der Plaz däitlech méi däischter ass. Den Opschlag hätt Stëbs a Gestengs ronderëmgeschleidert an e Krater hannerlooss.

Virdrun hat schonn de "Very Large"-Teleskop vun der Europäescher Südstärwuecht d'Suitte vum Opprall um Mound vun Chile aus dokumentéiert. Och wann de Moment vum Opprall selwer net ze gesi gewiescht wier, géing en duerch d'Observatioune beluecht ginn, esou de Carl Schmidt von der Boston University e Mëttwoch. Ënnert anerem wier eng Wollek mat Stécker entstanen. Emissioune vu Lithium an Natrium wieren nach op d'mannst fënnef bis zéng Minutten nom Opschlag e puer Kilometer wäit an de Weltraum erausgedroe ginn, esou de Schmidt an engem Mail un d'Noriichtenagence AP.

D'US-Raumfaartagence Nasa wëll hire Lunar Reconnaissance Orbiter an der nächster Woch iwwer d'Plaz fléie loossen, fir sech d'Suitten unzekucken. D'Stéck, dat ageschloe war, ass den 12 Meter laangen ieweschten Deel vun enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX, déi virun annerhallwem Joer zwou Sonde vu privaten Entreprisen op de Mound bruecht hat. D'Stéck war vum Kurs ofkomm an ass Richtung Mound gedrift, wat SpaceX no net geplangt war.

Um Mound schloen zwar reegelméisseg Meteoritten an, Kollisioune mat Rakéitestécker oder anerem Weltraumschrott sinn awer seelen. Schätzunge vun der Europäescher Weltraumagence Esa no sinn aktuell méi wéi 46.000 Stécker Weltraumschrott an der Äerdëmlafbunn, déi zesumme ronn 17.000 Tonne weien.

Back to Top
CIM LOGO