Mat ronn 8.690 Kilometer an der StonnVéier Tonne schwéiert Stéck vu SpaceX-Rakéit soll um Mound ageschloe sinn

AFP, iwwersat vun RTL
Schätzungen no sinn aktuell méi wéi 46.000 Stécker Weltraumschrott an der Äerdëmlafbunn.
Ein vier Tonnen schweres Schrottteil einer SpaceX-Rakete ist am Mittwoch offenbar auf dem Mond eingeschlagen. Der Aufprall war für 8.35 Uhr MESZ vorausgesagt worden, eine offizielle Bestätigung gab es aber nicht.
Den Opprall vum Stéck vun enger Falcon 9 war fir 8:35 Auer eiser Zäit virausgesot.
© AFP/Archiv

E véier Tonne schwéiert Stéck vun enger SpaceX-Rakéit soll e Mëttwoch um Mound ageschloe sinn. Den Opprall war fir 8:35 Auer eiser Zäit virausgesot ginn, eng offiziell Confirmatioun gouf et awer bis ewell net. D'US-Raumfaartautoritéit Nasa souwéi déi südkoreanesch Raumfaartagence wollte mat hire Weltraumsonde Fotoe vun der Plaz, wou d'Stéck ageschloen ass, maachen. Bis d'Biller iwwermëttelt sinn, kéint et awer e puer Deeg daueren.

D'SpaceX-Trägerrakéit Falcon 9 hat am Januar 2025 zwou Moundsonden an d'Weltall geschéckt. Den ënneschten Deel vun der Rakéit ass zréck op der Äerd gelant, den ieweschten ass allerdéngs am All bliwwen. Duerch "eng Mëschung aus Sonnenaktivitéit a Schwéierkraaft" wier d'Stéck vu sengem berechente Cours ofkomm, soudatt et op de Mound duergeflunn ass, heescht et vun der zoustänneger SpaceX-Direktesch Julianna Scheiman.

Fuerscher ginn dovun aus, datt d'Stéck e Krater op der Uewerfläch vum Mound hannerlooss huet. Hire Berechnungen no sollt et op der nërdlecher Hallefkugel vum Mound an der Géigend vum Einstein-Krater aschloen, mat enger Vitess vu ronn 8.690 Kilometer an der Stonn.

D'Nasa wëll an Zukunft eng Weltraumbasis um Mound opmaachen. Erkenntnisser iwwer méiglech Kollisioune mat Weltraumschrott sinn dowéinst wichteg.

Um Mound schloen zwar reegelméisseg Meteoritten an, Kollisioune mat Rakéitestécker oder anerem Weltraumschrott sinn awer seelen. Schätzunge vun der Europäescher Weltraumagence Esa no sinn aktuell méi wéi 46.000 Stécker Weltraumschrott an der Äerdëmlafbunn, déi zesumme ronn 17.000 Tonne weien.

Back to Top
CIM LOGO