
D’Autoritéiten haten decidéiert, datt d’Bomm net däerf ëmgelagert ginn, dowéinst huet se mussen um Schëff entschäerft ginn.
D’Schëff war fir d’éischt an d’Koblenzer Muselschleis gefuer, spéider du bei de Quartier Güls un der Musel, wou dausende Leit an engem Radius vun engem Kilometer hir Wunnenge virsiichtshallwer hu musse verloossen. Och de Loftraum iwwert dem Gebitt, wéi och d’Eisebunnsstreck un der Musel goufen e Freidegmoien temporär gespaart. D’Bomm ass entretemps entschäerft an de Sécherheetsperimeter nees opgehuewen.